Riesling Open

Säit 21 Joer sträiche mer eis den 3. Weekend am September am Kalenner un, well dann ass dräi Deeg laang Riesling Open an eise 5 Wäinuertschaften Éinen, Wormer, Wormerberreg, Ohn a Meechtem. An den oppene Kelleren, Wäistuffen a Wäigäert kënnt dir vu samschdes bis sonndes Wäiner à Crémante schmaachen. Um Freiden Owend steet natierlech d’Rieslingskinnigin mat hire Prinzessinnen am Mëttelpunkt. Eng ganz Rei renomméiert Wënzerbetriber si mat derbäi!  13., 14. & 15. September 2024

Riesling open 2024

Informations

____
Wéini
13., 14. & 15. September 2024
____
Wou
Éinen, Wormer, Wormerberreg, Ohn, Meechtem
Logo Riesling Open

Éiner Wënzerdag

Den 3. Sonndeg am Juli sammele sech eng Jett Leit an den enke Gaasse vun Éinen. Regroupéiert an der Associatioun Éiner Wënzerdag asbl, zerwéieren d’Wënzer vun Éinen hir beschte Schluppen, d’Veräiner aus der Gemeen suergen fir den Honger.
Och scho samschdes kann een sech vun 19.00 bis 23.00 Auer op der Kiercheplaz e Bild dovu maache goen. 20. & 21. Juli 2024

Meechtemer Wäischmaachen

Am August dréit sech am Wënzerduerf Meechtem alles ëm de Wäin. Op der Schliikeplaz ass den 21. August 2022 daat traditionnellt Wäischmaachen zesumme mat de Meechtemer Wënzer an den Duerfveräiner. 18. August 2024

Dernière modification le 25.01.2024
Aller au contenu principal