Route barrée N10 Wormeldange

Plan Route barrée N10

Personne de contact

David Capaldini

Technicien Diplômé, Chef adjoint du service technique
+352 76 00 31 – 314
Prendre contact

Stroossespär « Route du Vin » / « Rue Principale » zu Wormer

Opgrond vun den Aarbechten op der N10 zu Wormer gëtt d’Strooss vum 14. ­Oktober bis de 27. Oktober 2024, tëscht der « Rue de l’Église » an der Tankstell fir de Verkéier ­gespaart, mat Ausnam vun Anlieger, ­Fournisseuren a Busser.


D’Deelstreck vun der Tankstell bis den Uertsausgang Wuermer (op der Héicht vum Haus Nr. 3) ass eréischt vum 23. Oktober bis de 27. Oktober fir de Verkéier gespaart.

Wann d’Meteo et erlaabt, gëtt den 23. Oktober den Endbelag geluecht an déi ganz Streck gëtt komplett fir den Trafick gespaart, och fir d’Anlieger, Fournisseuren a Busser.

Wéinst Aarbechten am Kräizungsberäich Rue Principale/Route du Vin (bei der Tankstell), déi den 23. Oktober ufänken, ass d’Kräizung bis viraussiichtlech den 3. November zou.

Vum 23. Oktober bis den 3. November (méiglech Verlängerung am Fall vun Imprevuen), gëtt d’Einban­stroosseregelung an der « Rue ­Principale » opgehuewen an d’Arrêten « Gewan » a « Gemeen » falen aus. Nëmmen « Erdkaul » op der Route du Vin an « Op der Bréck » am Duerf ginn ugefuer.

 

Route barrée « Route du Vin » / « Rue Principale » à Wormeldange

En raison des travaux sur la N10 à Wormeldange du 14 octobre 2024 jusqu’au 27 octobre 2024, la route sera interdite à la circulation entre la « Rue de l’Église » et la ­station-service à l’exception des riverains, fournisseurs et bus.

Le tronçon entre la station-service et la sortie de la localité de Wormeldange (à la hauteur de la maison n°3) sera barré à partir du 23 octobre jusqu’au 27 octobre.

Fermeture à toute circulation, y compris riverains, fournisseurs et bus, le 23 octobre pour la pose du revêtement (sous réserve que les conditions météorologiques le permettent).

Suite aux travaux au carrefour Rue Principale/Route du Vin, près de la station-service, qui débuteront le 23 octobre, le carrefour sera barré jusqu’au 3 novembre.

Du 23 octobre jusqu’au 3 novembre (prolongation ­possible en cas d’imprévus), le sens unique dans la « Rue Principale » et les arrêts « Gewan » et « ­Gemeen » sont ­supprimés, seul « Erdkaul » sur la Route du Vin et « Op der Bréck » dans le village seront desservis.

Dernière modification le 08.10.2024

Des articles de la même catégorie

Assermentation

Assermentation

VEREEDEGUNG Um Mëttwochmoien, de 16. Oktober 2024, ass de Claude Pundel als neie Buergermeeschter vun der Gemeen Wormer am Ministère des Affaires Intérieures vum Här Inneminister Léon Gloden vereedegt ginn. Iwwerdeems huet och de Pierre Adam säin Eed als neie Schäffe...

lire plus
Workshop « Stressbewältegung »

Workshop « Stressbewältegung »

Invitatioun Workshop « Stressbewältegung » D'Kommissioun fir Gesondheet a Wuelbefannen invitéiert iech häerzlech op een interaktive Workshop zum Thema Stressbewältegung, donneschdes 24. Oktober vun 18.30 bis 20.00 Auer am Centre Culturel zu Wormer.    Programm Stress...

lire plus
Chat vu errant

Chat vu errant

Chat vu errant   Chat vu errant aux abords du centre scolaire Billek à Dreiborn. Il est très docile mais semble s’être perdu. Aidez-nous à retrouver son propriétaire ! Dës Kaz leeft zu Dräibur beim Schoulkomplex Billek ronderëm. Si ass ganz zoutraulech, schéngt...

lire plus
Aller au contenu principal