Wat wënscht Dir Iech fir Är Fräizäit ?

Wat wënscht Dir Iech fir Är Fräizäit ?
Mir als Sportskommissioun vun der Gemeng Wormer zesumme mat der Sports- a Kulturkommissioun vun der Gemeng Fluessweiler, wëllen de Sport an dat soziaalt Zesummeliewen an eise Gemenge verbesseren a wëllen Iech alleguerte verschidde Méiglechkeeten ubidde fir méi aktiv ze ginn an domat och eppes fir Är Gesondheet ze maachen.
Dëst soll net op engem ze héije sportlechen Niveau oflafen, mee an enger Form wou jidderee ka matmaachen, an et och jidderengem Spaass mécht.
Mir vun deenen zwou Kommissioune géifen eis gäre beméie fir Iech interessant Aktivitéiten unzebidde fir Är Fitness a Gesondheet op beschtem Niveau ze halen oder esouguer nach ze verbesseren.
Dofir bräichte mir awer Är Hëllef a misste wëssen u wat fir enge Sportaarten Dir interesséiert sidd, déi aktuell nach net vun engem Veräin aus de Gemengen ugebuede ginn.
Är perséinlech Donnéeën déi Dir bei der Ëmfro ugitt ginn nëmme gebraucht fir Iech, am Fall vun enger Ëmsetzung vun engem vun Äre Virschléi oder Interessien, kënnen ze kontaktéieren. All Participant, dee bei der Ëmfro matmécht, hëlt un engem Gewënnspill Deel, fir en Iessensbong aus engem Restaurant aus de Gemengen ze gewannen.
d‘Sportkommissiounen aus de Gemengen Wormer a Fluessweiler
Äntwert wgl. bis de 15. Juni 2026.





































