† Max HENGEL (1977 – 2024)

Max Hengel
D’Gemeen Wormer trauert ëm hire Borgermeeschter, de Max Hengel, deen is haut de Margen vill ze fréi fir ëmmer verlooss huet.
 
D’Rieslingsgemeen verléiert mam Max e Mënsch, dee mat säiner oppener, jovialer a frëndschaftlecher Aart a Weis begeeschtert huet. Mir halen hen a beschter Erënnerung a sinn dankbar fir säin onermiddlechen Asaz am Interessi vun all ise Matbierger a Veräiner.
 
Am Numm vum Schäffen- a Gemeenerot a vum ganze Personal drécke mir dem Jacqueline, dem Jonas an dem Jules, esou wéi säiner ganzer Famill eist déifste Matgefill aus a wënsche vill Kraaft an diser schwéierer Zäit.
Dernière modification le 17.08.2024

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal