
100e Anniversaire Koeppchen
Wee sech freet, firwat d’Koeppchen faarweg liicht – nee, et ass net wéinst der Fuesent!
Dëse Weekend starte mir an d’Gebuertsdagsjoer vun der Donatus-Kapell, déi elo zënter 100 Joer iwwer Wormer waacht. Honnert Joer Geschicht, e Point of Interest vun der Regioun, e Symbol fir de Schutz vun enger vun de beschte Wéngertslagen am Land.
Vum 28. Februar bis den 9. Mäerz gëtt d’Koeppchen all Owend beliicht, fir dëst historescht Joer würdeg anzeleeden.
Vun 18:00 bis 01:00 Auer a vu 05:00 bis 07:00 Auer
Bleift gespaant – dëst ass just den Ufank vun enger ganzer Rei Aktivitéiten ronderëm d’Koeppchen!
–
Pourquoi la Koeppchen brille-t-elle de mille couleurs ? Non, ce n’est pas pour le carnaval !
Ce week-end, nous nous lançons dans l’année anniversaire de la chapelle Saint-Donat, qui veille sur Wormeldange depuis maintenant 100 ans. Un siècle d’histoire, un point d’intérêt emblématique de la région, un symbole de protection pour l’un des meilleurs vignobles du pays.
Du 28 février au 9 mars, la Koeppchen sera illuminée chaque soir pour marquer le début de cette année historique.
De 18h00 à 01h00 et de 05h00 à 07h00
Restez connectés – ce n’est que le début d’une série d’événements autour de la Koeppchen !




