Centenaire chapelle St. Donat Koeppchen

Flyer avec aquarelle Koeppchen pour le 8 novembre 18h00 (marche aux flambeaux) et le 9 novembre 17h00 (séance académique)

Invitatioun – Fakelzuch a Séance académique fir d’100-Joer-Feier vun der Donatuskapell Koeppchen

Zënter 1925 waacht d’Donatuskapell iwwert Wormer.
Am Laf vum Jorhonnert ass si zu engem vertraute Repere ginn – fest verankert an der Landschaft, dem Wäibau, dem reliéise Liewen an der Identitéit vum Duerf an der ganzer Regioun.
Fir hiert honnertjäregt Bestoen huet d’Gemeen Wormer d’Éier iech häerzlech zu follgenden Evenementer ze invitéieren, déi d’Geschicht an d’Bedeitung vun der Kapell fir eis Regioun zelebréieren:

  • Fakelzuch
    e Samschden, 8. November 2025 um 18.00 Auer virum Centre Culturel zu Wormer
  • Séance académique
    e Sonnden, 9. November 2025 um 17.00 Auer an der Kierch Saint Jean-Baptiste zu Wormer

FAKELZUCH – 8 NOV 2025 18.00 AUER

Gitt mat beim Fakelzuch erop bei d’Donatuskapell op der Koeppchen, déi fir hire 100. Gebuertsdag festlech beliicht gëtt. Uewen ukomm, gëtt jidderengem e Patt offréiert.

Start: De Fakelzuch geet um 18.00 Auer beim Centre Culturel Wormer fort

Wee: Rue Principale – Knupp – Rue des Vignes – Koeppchen (Streck vun zirka 2 km)

D’Fakele gi vum Syndicat d’Initiative et de Tourisme verdeelt.

Fir Leit déi net méi gutt zu Fouss sinn besteet d’Méiglechkeet mat enger Navett eropzefueren (Umeldung obligatoresch)

Wärend der Wanderung wgl. eng Warnwest undoen.

Umeldung: sitwormeldange@gmail.com

SÉANCE ACADÉMIQUE – 9 NOV 2025 17.00 AUER

Musikalesch Erëffnung
Wormer Musek

Erëffnungsried
Här Claude PUNDEL, Buergermeeschter vun der Gemeen Wormer

Usprooch
M. Leo WAGENER, Weibëschof

Musikalesch Einlag
Delegatioun vun der Chorale Sainte Cécile Wormer

Table ronde – D’Koeppchen aus verschiddene Bléckwénkelen
Moderatioun: Här Pierre REDING
Intervenanten: Här Armand BECKER (Kulturkommissioun), Här Marc BECKIUS (Tourismuskommissioun) et Här Roby LEY (Wäibau)

Musikalesch Einlag
Delegatioun vun der Chorale Sainte Cécile Wormer

Schlusswuert
Här Minister Lex DELLES

Musikaleschen Ofschloss
Wormer Musek

Dernière modification le 03.11.2025

Des articles de la même catégorie

Route barrée CR122 Dreiborn – Wormeldange

Route barrée CR122 Dreiborn – Wormeldange

Personne de contact Carlos CANAS Ingénieur Industriel, Responsable du service technique+352 76 00 31 - 306Prendre contactAVIS ROUTE BARRÉE - Travaux de raccordement au collecteur d’eaux uséesDreiborn - Wormeldange Wéinst de Kanalaarbechten ass den CR122 (Rue de...

lire plus
Conseil Communal

Conseil Communal

Conseil Communal - 16.06.2026 La prochaine séance du conseil communal est fixée au mardi, 16 juin à 18h00 à la maison communale à Wormeldange (Salle des Séances).

lire plus
Fête Nationale 2026

Fête Nationale 2026

Fête Nationale 2026 Une soirée pour petits et grands! Venez célébrer la Fête Nationale, lundi, 22 juin à Machtum (à partir de 18h00).   Après le Te Deum solennel, le discours du bourgmestre Claude PUNDEL et l'Ovation des sportifs et bénévoles méritants, un vin...

lire plus
Aller au contenu principal