Ëmfro – Zesumme fir d’Biodiversitéit !

image montrant un hérisson, loir, muscardin

Zesumme fir d’Biodiversitéit !

Wëllt dir an ärem Gaart e klengt Wanterdoheem fir den Igel, d’Hieselmaus oder de Siweschléifer schafen ?

Vu Januar 2026 un, stellt d’Gemeen Wormer am Kader vum Naturpakt gratis déieregerecht Schutzkëschten zur Verfügung – speziell entworf fir dës geschützten Aarten.

Zil: D’Këschten déngen als Wanterquartéier an droen zum Erhalt vun der lokaler Biodiversitéit bäi.

D’Verdeelung vun de Këschten ass am Kader vun engem Event Ufank 2026 geplangt (de genauen Datum gëtt nach matgedeelt). Bei dëser Geleeënheet berode mir iech iwwert déi gënschtegst Plazen am Gaart, den Ënnerhalt an d’Botze vun der Këscht.

Fir de laangfristegen Erfolleg vun dësem Projet, ënnerschreift all Participant eng Conventioun mat der Gemeng. Deen Accord gesäit vir, datt d’Këscht wärend 9 Joer installéiert an ënnerhaale gëtt.

Äntwert wgl. bis de 28. November 2025.

Dernière modification le 14.11.2025

Des articles de la même catégorie

Joyeuse Entrée

Joyeuse Entrée

2. Oktober 2026 zu ÉinenJoyeuse EntréeOp der Musel   De Freideg 2. Oktober 2026, empfänkt d'Regioun de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse fir hir Joyeuse Entrée zu Éinen um Puddel. En Dag fir déi ganz Regioun Vun 14.00 Auer un erwaart d'Visiteuren zu Éinen de Miseler...

lire plus
IRONMAN 70.3

IRONMAN 70.3

  Dëse Sonnden, 12 Juli 2026, ass e grousst Sportsevent op der Musel: den IRONMAN 70.3 Luxembourg   Fir datt dësen Triathlon ouni gréisser Problemer ofleeft, huet d'Gemeen eng Rei Dispositiounen geholl: well d'Muselstrooss tëscht Éinen a Meechtem e Sonnden vun...

lire plus
Route barrée CR122 Dreiborn – Wormeldange

Route barrée CR122 Dreiborn – Wormeldange

Personne de contact Carlos CANAS Ingénieur Industriel, Responsable du service technique+352 76 00 31 - 306Prendre contactAVIS ROUTE BARRÉE - Travaux de raccordement au collecteur d’eaux uséesDreiborn - Wormeldange Wéinst de Kanalaarbechten ass den CR122 (Rue de...

lire plus
Aller au contenu principal