Dëse Sonnden, 12 Juli 2026, ass e grousst Sportsevent op der Musel: den IRONMAN 70.3 Luxembourg
Fir datt dësen Triathlon ouni gréisser Problemer ofleeft, huet d’Gemeen eng Rei Dispositiounen geholl: well d’Muselstrooss tëscht Éinen a Meechtem e Sonnden vun 07.00 bis 12.00 Auer gespaart ass, hu mir de Sens Unique an der Rue Principale an der Rue du Quai, der Rue de l’Église an der Rue du Cimetière opgehuewen. Wéinst dem temporären Double-Sens gëllt an der Rue Principale op der Deelstreck vun der Grenzbréck bis bei d’Kräizung mat der Berreggaass e Parkverbuet, an daat vun e Sonnden Mëtternuecht un bis mëttes 12.00 Auer.
Huelt wgl. déi néideg Virkéierunge fir e Sonnden net op de Circuit vun der Course ze gerooden.
Merci fir äert Versteesdemech